All episodes

#12 - Jean-Paul Schaaf

#12 - Jean-Paul Schaaf

35m 10s

Ronn 20 Joer war de Jean-Paul Schaaf Buergermeeschter vun Ettelbréck, an och elo, als éischte Schäffe vun der Patton-Stad, läit him seng Heemecht an d'Nordstad nach ëmmer um Häerz. Mir schwätzen an dëser Episod iwwert déi geplangte Fusioun vu 4 Gemengen, mä natierlech och iwwert d'Aarbecht vum Jean-Paul Schaaf an der Chamber.

#11 - Ricardo Marques

#11 - Ricardo Marques

31m 8s

Zu Iechternach, a senger Heemecht, hu mer de Ricardo Marques, de jéngsten CSV-Deputéierte getraff. Hien ass zanter eppes méi wéi engem Joer an der Chamber an erzielt, dass et net einfach war, nom Dout vum Max Hengel, fir hien nozeréckelen. De Ricardo mécht awer och Politik fir de Max mat ënnert anerem sengen Theme, wéi mental Gesondheet. Donieft schwätzt de Ricardo iwwert seng portugisesch Wuerzelen an am méi privaten Deel, verréit hien eis, firwat hien de "Kinnek vun Iechternach" ass.

#10 - Marc Spautz

#10 - Marc Spautz

28m 36s

De Marc Spautz ass den Invité fir déi parlamentaresch Rentrée. Den CSV-Fraktiounschef ass geléierte Mecanicien, hie war Gewerkschaftler an ass zanter 1994 an der Gemengen- an zanter 2004 an der Nationalpolitik, als Deputéierten an och kuerz Zäit als Minister. Firwat hien dacks als dat soziaalt Gewësse vun der Fraktioun bezeechent gëtt an d'Fraktioun net de Gesanksveräi vun der Regierung ass, dat verzielt de Marc Spautz an dësem Podcast. Dernieft gi mer awer och ënnert anerem gewuer wéi hien zum Äishockey komm ass.

#9 - Claude Wiseler

#9 - Claude Wiseler

31m 47s

De Chamberpresident ass den Invité an der 9ter Episod vu "Mikroskop". De Claude Wiseler erzielt, wéi hien déi gréisst politesch Enttäuschung 2013 verkraft huet a firwat hien awer besonnesch de Poste vum Chamberpresident immens gären huet a wat hien nach wëll an der Chamber änneren. Donieft geet et ëm d'Wichtegkeet vun der Demokratie a mir léieren den éischte Bierger vum Land och Privat besser kennen.

#8 - Laurent Mosar

#8 - Laurent Mosar

33m 8s

De Laurent, oder Laury, Mosar ass zanter iwwer 30 Joer an der Politik aktiv, lokal an der Stad an national an der Chamber. De Laury ass nach ëmmer ganz engagéiert, motivéiert a virun allem och gutt gelaunt. Wat dreift hien dann nach ëmmer all Dag un sech fir seng Matbierger anzesetzen a wat mécht de Laury privat......ausser Helene Fischer lauschteren ?
Dat Alles gitt der an dëser Episod gewuer.

#7 - Laurent Zeimet

#7 - Laurent Zeimet

28m 14s

De Laurent Zeimet ass zanter ronn 14 Joer Buergermeeschter vu Beetebuerg an och zanter 2023 fir d'zweet an der Chamber. Mir schwätze mat him iwwert dat duebelt Engagement awer och iwwert seng Vergaangenheet als Journalist a firwat dass hien Droit studéiert huet.

#6 - Octavie Modert

#6 - Octavie Modert

33m 30s

D'Octavie Modert ass d'Invitée an der 6ter Epsiod vun eisem Podcast MIKROSKOP. Mat der Ost-Deputéiert hu mer eis ënnert anerem iwwer d'Justiz, Landwirtschaft a Wäibau, an natierlech iwwer Kultur, ënnerhalen. Dir léiert d'Octavie Modert am Podcast awer och Privat besser kennen.

#5 -  Maurice Bauer

#5 - Maurice Bauer

33m 48s

Den éischte Schäffen aus der Haaptstad, Maurice Bauer ass eisen Invité an dëser Episod. De Maurice ass zanter 2023 och Deputéierten an hie schwätzt iwwert dat duebelt Engagement. Seng Stad läit him immens um Häerz an dat mierkt een och gutt a sengen Aussoen. Lauschtert eran a léiert de Maurice Bauer besser kennen.

#4 - Paul Galles

#4 - Paul Galles

28m 30s

Vum Paschtouer zum Politiker. De Paul Galles hat seng berufflech Carrière als Paschtouer ugefaangen. Wéinst dem Zölibat huet hien dee Beruff awer opginn an ass bei d'Caritas schaffe gaangen ier hie schliisslech an d'Politik koum. De Paul schwätzt am Podcast ganz fräi iwwert seng Decisiounen, iwwert seng Léift zu de Mënschen, iwwert d'Affaire Caritas, déi hie béis getraff huet, iwwert säi Wee vun der Kierch op de Krautmaart an natierlech och iwwer ganz Privates.

#3 - Alex Donnersbach

#3 - Alex Donnersbach

31m 18s

Den Alex Donnersbach, Deputéierten, Schäffen zu Walfer a Generalsekretär vun der CSV ass den Invité an der drëtter Episod vu Mikroskop. Mir kucken op dem Alex seng éischt Zäit am Parlament, säin Engagement an der Gemeng an awer och nach eng Kéier op seng Aarbecht als fréieren CSJ-President.