MIKROSKOP

An dësem Podcast huele mer d'CSV-Deputéiert ënnert d'Lupp, oder besser gesot, de MIKROSKOP. Dir léiert déi 21 CSV-Deputéiert privat a politesch besser kennen.

MIKROSKOP

Latest episodes

#18 - Isabel Wiseler

#18 - Isabel Wiseler

46m 57s

D'Isabel Wiseler-Lima ass Invitée an dëser Episod vum Podcast Mikroskop. Als klengt Meedchen ass d'Isabel Lima mat hiren Elteren aus Portugal op Lëtzebuerg komm an hat hei, wéi si selwer seet, eng wonnerschéin Kandheet. Als Jugendlecht huet d'Isabel de Claude Wiseler kenne geléiert an zanterhier sinn si eng Koppel. Wéi war de gemeinsame Wee an d'Politik

#17 - Emile Eicher

#17 - Emile Eicher

32m 11s

Den Emile Eicher huet säi ganzt Liewen zu Maarnech verbruecht. Dat heescht awer net, dass hien net an der Welt ronderëm komm ass. Ganz am Géigendeel. An dëser Episod vu MIKROSKOP erzielt de sympathesche Politiker aus dem Norden iwwert säi Joer an Australien, säi Wee an d'Politik, deen direkt als Buergermeeschter ugefaangen huet an iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Gemengen hautdesdaags.

#16 - Stéphanie Weydert

#16 - Stéphanie Weydert

33m 16s

Buergermeechtesch vu Rouspert/Mompech. Deputéiert an der Chamber. Vizepresidentin vun der Fraktioun a vun der Partei. Dat ass d'Stéphanie Weydert, dat een eigentlech ni schlecht gelaunt gesäit.
Wéi koum d'Stéphanie esou jonk an d'Politik, wat sinn d'Virdeeler vun enger Fusiounsgemeng an ëm wéi eng Dossiere bekëmmert d'Stéphanie sech an der Chamber. Dat Alles gitt der an dëser Episod vum Podcast MIKROSKOP gewuer.

#15 - Martine Kemp

#15 - Martine Kemp

34m 49s

Et gouf emol de Sproch "Hast du einen Opa, dann schick ihn nach Europa". Dat trëfft awer op keen esou wéineg zou, wéi op d'Martine Kemp, déi fir d'CSV am Europaparlament ass. Déi 31 Joer jonk Deputéiert steet eis dës Kéier Ried an Äntwert am Podcast MIKROSKOP. Firwat Europapolitik, wat kënne 6 vu 720 Deputéiert erreechen, keng Zesummenaarbecht mat Riets a wéi kritt een als Mamm Politik an d'Geplënners tëscht Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg ënnert een Hutt. Dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten an der Emissioun.