MIKROSKOP

An dësem Podcast huele mer d'CSV-Deputéiert ënnert d'Lupp, oder besser gesot, de MIKROSKOP. Dir léiert déi 21 CSV-Deputéiert privat a politesch besser kennen.

MIKROSKOP

Latest episodes

#12 - Jean-Paul Schaaf

#12 - Jean-Paul Schaaf

35m 10s

Ronn 20 Joer war de Jean-Paul Schaaf Buergermeeschter vun Ettelbréck, an och elo, als éischte Schäffe vun der Patton-Stad, läit him seng Heemecht an d'Nordstad nach ëmmer um Häerz. Mir schwätzen an dëser Episod iwwert déi geplangte Fusioun vu 4 Gemengen, mä natierlech och iwwert d'Aarbecht vum Jean-Paul Schaaf an der Chamber.

#11 - Ricardo Marques

#11 - Ricardo Marques

31m 8s

Zu Iechternach, a senger Heemecht, hu mer de Ricardo Marques, de jéngsten CSV-Deputéierte getraff. Hien ass zanter eppes méi wéi engem Joer an der Chamber an erzielt, dass et net einfach war, nom Dout vum Max Hengel, fir hien nozeréckelen. De Ricardo mécht awer och Politik fir de Max mat ënnert anerem sengen Theme, wéi mental Gesondheet. Donieft schwätzt de Ricardo iwwert seng portugisesch Wuerzelen an am méi privaten Deel, verréit hien eis, firwat hien de "Kinnek vun Iechternach" ass.

#10 - Marc Spautz

#10 - Marc Spautz

28m 36s

De Marc Spautz ass den Invité fir déi parlamentaresch Rentrée. Den CSV-Fraktiounschef ass geléierte Mecanicien, hie war Gewerkschaftler an ass zanter 1994 an der Gemengen- an zanter 2004 an der Nationalpolitik, als Deputéierten an och kuerz Zäit als Minister. Firwat hien dacks als dat soziaalt Gewësse vun der Fraktioun bezeechent gëtt an d'Fraktioun net de Gesanksveräi vun der Regierung ass, dat verzielt de Marc Spautz an dësem Podcast. Dernieft gi mer awer och ënnert anerem gewuer wéi hien zum Äishockey komm ass.

#9 - Claude Wiseler

#9 - Claude Wiseler

31m 47s

De Chamberpresident ass den Invité an der 9ter Episod vu "Mikroskop". De Claude Wiseler erzielt, wéi hien déi gréisst politesch Enttäuschung 2013 verkraft huet a firwat hien awer besonnesch de Poste vum Chamberpresident immens gären huet a wat hien nach wëll an der Chamber änneren. Donieft geet et ëm d'Wichtegkeet vun der Demokratie a mir léieren den éischte Bierger vum Land och Privat besser kennen.